(21/01/2019)
Déjeuner Débât iwwer d’Walreform mam ADR Deputeierten Gast Gibéryen.
Nom 14. Oktober gouf et vill Diskussioun doriwwer, ob eise Walsystem nach demokratesch ass, besonnesch wat d’Zuel vun de Memberen ugeet, déi gewielt ginn. De Fait datt trotz de Quote ganz wéineg Frae Kandidate gewielt goufen, gouf och kritiséiert. Den Här Gast Gybéryen, deen de Moment d’Presidence vun der Chamber iwwerhëlt, an deem seng Partei besonnesch besuergt ass iwwer dësen Zoustand, huet mat eis iwwer dëse Problem e Méindeg 21. Januar 2019 geschwat.